Aus der Sektioun

D’ Chancëgläichheet läit der neier Conseillère Maria Agostino besonnesch um Häerz

Nodeems d’Josette Conzemius-Holcher Ufank dës Joers decidéiert hat mat der aktiver Politik opzehalen an esou enger méi jonker Politikerin hier Plaz ze iwwerloossen, war et um Maria Agostino, als Nächstgewielt op der CSV-Lescht bei de Gemengewalen 2017, an de Péitenger Gemengerot nozeréckelen. D’Maria Agostino ass 1976 als Jéngst vun dräi Kanner vun immigréierten italieneschen Elteren an der Péitenger Maternité ...

Weider liesen

“Op mäin Asaz kënnt dir zielen”…

….Dat waren dem Josette Conzemius-Holcher seng Wieder bei senger Untrëttsried de 15. November 2011 am Péitenger Gemengerot. Knapp 10 Joer méi spéit, an no 120 Gemengerotssëtzunge wësse mir dass d’Josette eis näischt ze vill versprach hat. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 ass d’Josette bei senger zweeter Participatioun an de Péitenger Gemengerot gewielt ginn, a gouf den 9. November vum selwechte Joer ...

Weider liesen

Éierentitel fir de Romain ROSENFELD

De Romain Rosenfeld huet dem Gemengerot definitiv Äddi gesot. Am Abrëll dëst Joer huet de Romain op d’Successioun vum Johny Polfer am Péitenger Gemengerot verzicht an esou dem André Martins Dias seng Plaz an dësem Gremium iwwerlooss . Den 9. Mee 1995 ass de Romain fir de Léon Keiser an de Péitenger Gemengerot nogeréckelt. Den 18.Mee 2020, also ronn 25 Joer dono, huet de Péitenger Gemengerot dem Romain den Titel ...

Weider liesen

Changementer an der CSV-Fraktioun am Péitenger Gemengerot

Merci Johny Polfer fir 20 Joer fair an engagéiert Politik am Gemengerot Wat de Johny Polfer virun e puer Woch schonn an der CSV-Fraktioun ugekënnegt hat, huet hien an der Gemengerotssëtzung vum 20.Abrëll offiziell matgedeelt. Matt haut 76 Joer seet de Johny no méi wéi 20 Joer dem Gemengerot Äddi. Member am Péitenger Gemengerot war de Johny säit dem 13.Januar 2000. Bei de Wale vun 2005, 2011 an 2017 ass hien ...

Weider liesen

Op de Punkt: Juni 2018

De neien Op de Punkt vun der CSV-Péiteng ass an der Distributioun. Themen: Eis Kandidate fir d’Chamberwahlen De Plan pluriannuel CSV-CSJ Agenda Hei fann Dir den Op de Punkt och als Download: Op de Punkt Juni 2018

Weider liesen

Konvent vum 25.Mäerz zu Ettelbréck

CSV huet hie 60 Kandidate fir d’Chamberwahlen vum 14.Oktober 2018 virgestallt. Mir sinn houfreg dass mam Buergermeeschter Pierre MELLINA a mam Schäffen an Deputéierten Jean-Marie HALSDORF och 2 ...

Weider liesen

Eise Wahlprogramm ass online

D’ CSV fir d’Gemeng Péiteng. Zënter elo uechtzéng Joer leet Är CSV-Equipe zum Deel eleng an zum Deel mat hirem Koalitiounspartner, d’politesch Prioritéiten an den Uertschafte Péiteng, Rodange a Rolleng fest. Villes ass an deene Joren realiséiert ginn. 265 Milliounen € sinn an där Zäit an de Beräicher Schoul, Kannerbetreiung, Sport, Kultur, Drëtten Alter, Gemengeverwaltung, Ëmwelt, Stroosseninfrastrukturen, ...

Weider liesen