Aktualitéit

Ausfluch op Schiffweiler

Den 18.Juni maache mir en Ausfluch op Schiffweiler (Partnerstad vun der Gemeng Péiteng). Jiddereen ass wëllkomm. Iwwer dëse Link kënn Dir Iech umellen

Weider liesen

“Op de Punkt” Februar 2016

De neien Op de Punkt vun der CSV-Péiteng ass an der Distributioun. Themen: Budget 2016 Familljepolitik an der Gemeng 3 Froen un de Conseiller Carlo GIRA “Grand Bis” zu Rodange Hei fann Dir den Op de Punkt och als Download: Op de Punkt Februar 2016

Weider liesen

Gemenge Budget 2016

An senger Sëtzung vum 18. Dezember 2015, huet de Gemengerot mat den Stëmmen vun den 13 Conseilleren vun der CSV – LSAP Majoritéit de Budget 2016 ugeholl. Dësen ass, wéi schonn déi lescht Joren duerch 4 wesentlech Charakteristiken gekennzeechent D’Gemeng Péiteng behält weiderhin een héijen Iwwerschoss am ordinäre Budget.  Mat liicht iwwer 11 Milliounen € bleift den ordinären Iwwerschoss op engem ganz héijen ...

Weider liesen

“Op de Punkt” Oktober 2015

De neien Op de Punkt vun der CSV-Péiteng ass an der Distributioun. Themen: 3 Froen un de Buergermeeschter Pierre MELLINA Aktivitéiten vun der CSJ-Péiteng Kannergemengerot Eng nei Visitekärtchen am Agang vu Péiteng Hei fann Dir den Op de Punkt och als Download: Op de Punkt Oktober 2015  

Weider liesen

Pressecommuniqué: Kee Schwammsport fir vill Schoulkanner zu Péiteng

Rentrée scolaire 2015 – 2016 zu Péiteng: Den Educatiounsministère verseet komplett: Kee Schwammsport fir vill Schoulkanner zu Péiteng! An der Sëtzung vun dësem 21. September beschäftegt sech de Péitenger Gemengerot op Ufro vun zwee CSV-Konseilljeeën (Josette Conzemius-Holcher a Carlo Gira), mat der inakzeptabeler Situatioun, dass am Enseignement fondamental zu Péiteng de Schwammsport a 24 Klassen ausfält. ...

Weider liesen

Een exzellent Finanzresultat 2014 an der Gemeng Péiteng !

Den 30. Abrëll sinn d’Konten vum Joer 2014 arrêtéiert ginn. Si enthalen am Total Recetten vun 71,4 Milliounen € an Depensen vun 66,7 Milliounen €, dat heescht si schléissen mat engem Total Boni vun 4,67 Milliounen € of. De Report um Enn vum Exercice 2014, klëmmt deemno ëm 90 % vun 5,1 Milliounen € Enn 2013, op 9,7 Milliounen €, ee Report, deen op d’Joer 2015 iwwerdroe gëtt. (méi…)

Weider liesen