Een exzellent Finanzresultat 2014 an der Gemeng Péiteng !

Den 30. Abrëll sinn d’Konten vum Joer 2014 arrêtéiert ginn. Si enthalen am Total Recetten vun 71,4 Milliounen € an Depensen vun 66,7 Milliounen €, dat heescht si schléissen mat engem Total Boni vun 4,67 Milliounen € of.

De Report um Enn vum Exercice 2014, klëmmt deemno ëm 90 % vun 5,1 Milliounen € Enn 2013, op 9,7 Milliounen €, ee Report, deen op d’Joer 2015 iwwerdroe gëtt.

(méi…)

De Camille Bosseler zitt sech no méi wéi 31 Joer aus dem aktiven politeschen Liewen zréck!

 

Patrick+Camille

 

De 15. Dezember 2014 huet de Camille Bosseler matgedeelt, dass hien sech op den 31. Dezember 2014, no méi wéi 31 Joer, aus dem Péitenger Gemengerot zréckzitt. Den haut 78 Järege Camille BOSSELER war den 8. Abrëll 1983 am Alter vu 46 Joer fir d’éischt Member vum Péitenger Gemengerot ginn an ass béi den 5 nächsten Gemengewahlen (1987 – 1993 – 1999 – 2005 – 2011) ëmmer kloer erëm gewielt ginn wat seng Beléiftheet béi de Péitenger Bierger ënner Beweis stellt.

Während all deene Joren huet de Camille BOSSELER eis Gemeng a verschidde Gemengesyndikater vertrueden, wourënner awer besonnesch den TICE (während 21 Joer) de SICONA (während 15 Joer) an de SIDOR (während 6 Joer) déi waren, déi him am meeschten um Häerz louchen.

Och a verschidde Gemengekommissiounen (wéi zum Beispill d’Bautekommissioun an d’Verkéierskommissioun (während 6 Joer als President)) huet hie während ville Jore säi Mann gestallt a wichteg Impulser ginn.

Während dem Mount August 2004, nodeems de Jean-Marie Halsdorf an d’Regierung gewiesselt war, huet hien interimsméisseg am Péitenger Schäfferot matgeschafft.

Mir wënschen dem Camille nach vill schéin (a méi roueg) Joren a senger Famill an hoffen hien nach béi villen Aktivitéite vun der Gemeng a senger Partei ze begéinen.

Merci Camille !

——————-

No der Demissioun vum Camille BOSSELER op den 31. Dezember 2014 iwwerhëlt de Patrick ARENDT als nächst Gewielte bei de läschte Gemengewahlen 2011 op der CSV Lëscht seng Plaz am Gemengerot.

De Patrick ARENDT ass de 08.05.1985 gebuer a wunnt mat senger Fra Stéphanie STREVELER zu Péiteng an der Belair-Strooss.

De Patrick ass e ganz engagéierten CSV Member, deeër Partei wou hien zanter dem 6. Mee 2005 ugehéiert a war während ville Joer President vun der lokaler CSJ Sektioun. Hien war beim Opbau vun deeër Equipe eng dreiwend Kraaft an huet nach haut e grousse Merite um gudde Funktionnement vun der CSJ zu Péiteng.

Bei de Gemengewahlen 2011 war hien fir déi éischte Kéier mat der CSV op der Wielerlëscht an huet do mat 2075 Stëmmen déi 11. Plaz vun alle Kandidaten vu sämtleche Parteien en exzellent Resultat kritt. Dat ass de beschte Beweis fir seng Aarbecht a virun allem seng Beléiftheet bei de Bierger. Als diploméierten Educateur läit d’Jugendaarbecht him um Häerz an ass dofir och President vun der Jugendkommissioun. Vu sengem Wiesen aus ass hien e Naturmensch an sou läit et op der Hand, dass hien och nach Member vun der Ëmweltkommissioun ass.

Zu sengen Hobbyen, woumat hien seng Fräizäit verbréngt, zielen de Vëlo, d’Fëschen, de Fussball an d’Ski fueren.

Mir sinn iwwerzeegt, dass hien seng Missioun och als zukünftege Gemengeconseiller voll a ganz erfëllt, wou hien sech mat vollem Äifer an den Déngscht vun de Gemengebierger stelle wäert.

Bonne chance Patrick !

De Budget 2015 op ee Bléck.

De Budget 2015 ass op en Neits – trotz engem Spuerpak, deen d’Regierung de Gemengen operluecht huet – duerch folgend Charakteristike gekennzeechent:

  • Mir behalen weiderhin een héijen Iwwerschoss am ordinäre Budget. 

Och 2015 Joer geséit eisen ordinäre Budget een Iwwerschoss vun 11,245 Milliounen € vir. Dat ass de 4. Budget vun dëser Mandatsperiod wou den Iwwerschoss iwwer der Grenz vun 10 Milliounen € léit. Während Joren louch dësen Iwwerschoss nëmmen zwësche 4 a 6,5 Milliounen €, éier dann ab 2011 déi jorelaang Effort’en seng Friichten ugefangen hunn ze droen. Haut si mir zu Péiteng sécher gutt opgestallt fir mat Zouversiicht den zukünftegen Erausfuerderungen entgéint ze kucken. Dëse finanziellen Iwwerschoss gëtt eis op jiddefalls déi néideg Basis fir eisen Investitiounsprogramm an dëser Mandatsperiod zu Enn ze féieren.

Budget 2015_1
  • D’Investissementer bleiwen mat engem Total vu ronn 22,4 Milliounen € op engem extrem héijen Niveau.

Déi aktuell Majoritéit fiert hir Investitiounspolitik aus de leschte Jore konsequent virun. Besonnesch an Logement (Projet ‘Atzengen’), Kannerbetreiung (nei Maison-Relais zu Rodange), Kultur (Roud Haus beim Centre Wax, Renovatioun vum fréiere Paschtoueschhaus zu Rolleng, wou déi nei ‘Mémoire collective’ vun der Gemeng Péiteng ënnerbruecht soll ginn, …), Stroosseninfrastrukturen (rue Philippart zu Rodange, rue de la Minière zu Rodange, rue Belair zu Péiteng, ….), Schoulen (Eigent-Schoul a Parkschoul), Jugend (Renovatioun vum Scoutschalet) a Sozialamt ginn déi Haaptakzenter am Joer 2015 gestallt.

  • Mat dësem 4. Budget vun dëser Mandatsperiod léit déi aktuell CSV-LSAP Majoritéit total op der Linn vun eisem Plan pluriannuel de financement deen de Schäfferot an der Sitzung vum 24. Februar 2014 dem Gemengerot virgeluecht hat.

Zesumme mat de Konten 2012 an 2013, dem Budget rectifié 2014 an dem Budget 2015 sinn am Total Investissementer iwwer 86,37 Milliounen € an de 4 Joer 2012 – 2015 virgesin. Deemno kann ee festhalen, dass no 2 Drëttel vun dëser Mandatsperiod 67 % vun den extraordinären Depense budgetiséiert sinn.

Budget 2015_2
  • D’Gemengeschold geet och 2015 ëm knapp 2 Milliounen € zréck.

Domat wärt d’Gemengeschold vum 1. Januar 2004 bis den 31. Dezember 2015 ëm 23,8 Milliounen € reduzéiert ginn an Enn d’nächst Joer béi 14,3 Milliounen € leien.

Budget 2015_3

27.12.2014                                                                                                           

                                                                                                                    Pierre Mellina

                                                                                                                Buergermeeschter

 

Interventioun vum Buergermeeschter am Gemengerot den 13.10.2014

Hei ass d’Interventioun vum Buergermeeschter Pierre MELLINA:

 

Dir Dammen, Dir Hären,

An der leschter Gemengerotssitzung hat de Schäfferot Iech informéiert, dass hien een oppene Bréif un de Minister François Bausch geschriwwen huet, fir hien op eng extrem kritesch Verkéierssituatioun op der Route Nationale N5 hinzeweisen, déi sech nach wesentlech verschlechtere wärt duerch een Arrêté vum neie Buergermeeschter vu Longlaville Jean-Marc Duriez fir hannert der Grenz een Tronçon fir de Camionsverkéier iwwer 3,5 Tonnen zouzemaachen. D’Äntwert vum Här Bausch war eng onnëtz a bëlleg Polemik, déi hien op Facebook duerch seng onnuancéiert, onkomplett a falsch Interpretatioun vun der Rechtslag lassgetrëppelt huet. Ech hunn als Buergermeeschter drop verzicht op deem nämmlechten Niveau ze äntweren. An mengen 21 Joer Politik, wou ech bis elo all Dossier sachlech ugaange sinn, wärt ech mech och elo net vum Minister François Bausch aus der Rou brénge loossen. Den Debat iwwer dëse Tanke 2Verkéiersproblem huet duerch eng parlamentaresch Ufro vun zwee sozialistesch Deputéiert – deenen ech op dëser Platz och dofir perséinlech Merci soe wëll – erëm zréck fonnt op déi Plaz, wou dësen higehéiert. Ech kommen nach méi spéit op dem Här Bausch seng Äntwert zréck.

Virdu well ech awer nach emol op den Ursprong vun dëser Diskussioun zeréckkommen. Den 12. Dezember d’lescht Joer huet den deemolege Buergermeeschter Roger Corbelotti mir an enger vun de regelméissege Reuniounen déi ech mat him hat, matgedeelt, dass hien envisagéiert d’Strooss hannert der franséisch-lëtzebuergescher Grenz fir de Schwéiertransport ze spären. No enger längerer Diskussioun, wou ech hien drop opmierksam gemaach hunn, dass d’Gemeng versiche wärt den zoustännege Minister ze kontaktéieren fir gemeinsam no eventuelle Léisungen ze sichen, huet den Här Corbelotti vorübergehend drop verzicht dës Decisioun ëmzesetzen.

Den 13. Januar dëst Joer huet de Péitenger Schäfferot de Minister François Bausch iwwer dës eventuell Décisioun, déi verheerend Konsequenze fir de Verkéier op der Route nationale N5 hätt, an d’Bild gesat an an der Reunioun vum 13. Mäerz hu mir dann ënnert villen anere Verkéiersproblemer, déi an eiser Gemeng duerch de massiven Transitverkéier verursaacht ginn, och dëse Problem ugeschwat. De 24. Juli huet de Buergermeeschter vu Longlaville mech fir den 1. September 2014 ëm 10 Auer an eng Reunioun op Longlaville geruff, ech zitéieren “pour que nous puissions échanger sur les solutions que je me propose de mettre en oeuvre”. Mir hunn dorobber hin dem Buergermeeschter geäntwert, dass dëst een nationale Problem ass, an dass mir aus deem Grond och deeselwechten Dag ee Bréif un den zoustännege Minister geschéckt hätte fir an enger gemeinsamer Reunioun all zesummen eng Léisung ze fannen. Leider huet den Här Bausch eis bis haut nach net op dëse Bréif geäntwert an de Buergermeeschter vu Longlaville huet eis dann den 8. September schrëftlech matgedeelt, dass hien decidéiert hätt, ech zitéieren: “de prendre un arrêté municipal d’interdiction de circulation au plus de 3,5 tonnes sur cette artère”.

Mat der Decisioun ass d’Route nationale N5 fir eng Rei Verkéiersteilnehmer – d’Camion’en vun iwwer 3,5 Tonnen – zu enger Sakgaass degradéiert ginn, wat verkéierstechnesch op dëser Nationalstrooss zu ganz grouss Problemer féiere wärt.

Wat elo d’Äntwert vum Minister op déi parlamentaresch Ufro ubelaangt, wier ganz vill ze soen, mee ech wëll mech op dat wesentlecht begrenzen:

  1. Et ass sécherlech schwéier korrekt Konklusiounen zu engem Problem ze zéien, wann een den Ursprong vum Problem dès le départ falsch presentéiert, wat den Här Bausch hei gemaach huet. Den Här Bausch huet nämlech an senger Äntwert behaapt, ech zitéieren “La proposition d’identifier des zones à caractère industriel ou commercial dans le PAG de la commune de Pétange longeant la N5 à Rodange, résulte à la base de décisions politiques au niveau communal. L’implantation des stations essence à cet endroit, qui remonte aux années 1970-1980 en a été la conséquence.” Effektiv waren d’Tankstelle schonn 1970-1980 op der Plaz, mee den 1. PAG vun der Gemeng gouf eréischt am Joer 1992 gestëmmt an huet noutgedrongen sech der existenter Situatioun ugepasst. D’Tankstelle waren deemno schonn do, wéi 1992 am PAG dës Terrain’en als “Zone artisanale et commerciale” definéiert goufen.
  1. Weider seet den Här Bausch, dass, ech zitéieren erëm: “Dans la mesure où des établissements se sont implantés dans une zone urbanistique qui le permet, l’Etat ne peut refuser la délivrance des autorisations commodo-incommodo”. Dës Ausso ass deemno och falsch an deem Sënn wou et an den Joren 1970 – 1980 keng esou Zone gouf. Och wëll ech hei ervirsträichen, dass an dëse Joren de Schäfferot a quasi all de Fäll een “Avis défavorable” am Kader vun der Commodo-Incommodo Prozedur ginn huet. Och huet de Péitenger Gemengerot een Avis juridique vum Maître Steve Helminger virleien, deen dës Ausso vum Här Bausch wesentlech nuancéiert, wann net esouguer carrément widderleet. Ech zitéieren den Affekot Maître Steve Helminger ” Par contre, les autorités compétentes en matière d’établissements classés peuvent-elles directement invoquer des considérations ayant trait à la sécurité, la salubrité, la tranquillité et la santé publique pour veiller à la sureté et la commodité du passage sur les voies publiques par le billet mêmes de leurs autorisations respectives. Ainsi, si sur base d’une étude trafic par exemple il devait s’avérer qu’à tel ou tel endroit une station service d’une telle envergure causerait problème ils pourraient imposer les restrictions voire même tout simplement refuser leur autorisation. Si donc les deux autorités tant communales que ministérielles peuvent intervenir pour refuser l’implantation d’une station service, on doit constater que les moyens pour y aboutir sont directs pour les autorités étatiques, qui peuvent statuer sur la problématique dans le cadre même de leur autorisation à délivrer, tandis que l’autorité communale directement concernée, à savoir le bourgmestre a les mains liées et qu’une commune ne peut s’opposer à une telle implantation que par le biais d’une procédure lourde d’une modification ponctuelle de son PAG”
  1. Och muss ech soen, dass déi Ausso vum Här Bausch, ech zitéieren “L’Etat a déjà pris nombre de mesures réglementaires et infrastructurelles afin de contribuer à augmenter la qualité de vie dans les localités de la Commune de Pétange, comme la construction de la collectrice du sud et la N31 pour contourner les localités de Pétange, Lamadelaine et Rodange, ainsi que le réaménagement de la N5 pour ne citer que quelques exemples” eigentlech nëmme vun engem Minister komme kann, deen d’Situatioun an eiser Gemeng net emol usazweis kennt an eigentlech als ee Schlag an d’Gesicht fir all d’Bierger vun eiser Gemeng empfonnt muss ginn, déi all Dag ënnert dem enormen Transitverkéier – also keen hausgemaachte Verkéier – leide mussen.
  1. Ganz vergiess huet de Minister, den Här Bausch, an senger Äntwert drop anzegoen, dass de Ministère, deem hien elo virsteet, an all deenen Fäll eng “Permission de voirie” ausgestallt huet, eng Permission de voirie ouni déi , trotz Autorisation de bâtir vum Buergermeeschter de Bau vun dësen Tankstelle laanscht der Route nationale net méiglech gewiescht wier.
  1. Den Här Bausch huet op engem Punkt Recht, an zwar, dass d’Tankstelle schonn 1970 – 1980 op der Grenz entstane sinn. Zu deem Zäitpunkt war kee Problem, wat bedeit, dass d’Tankstellen un sech op der Plaz kee Problem duerstellen. D’Problem ass Enn der 90er Joren, mee haaptsächlech an de leschten 10 Joer entstanen, wéi mat der A13 ëmmer méi Camionneuren d’A13 zwësche Rodange a Schengen vun der Belsch a Frankräich an Direktioun Saarland an zréck benotzen a well si op dem ganze lëtzebuerger Tronçon keng Approvisionnementméiglechkeet hunn – wéi zu Capellen, Berchem a Wasserbëlleg – sinn si forcéiert d’A13 ze verloosse fir ze tanken. Hei deelen ech dem sozialisteschen Deputéiert Yves Cruchten seng Meenung, dass esou eng Tankstell op der A13 eng Entlaaschtung vun de Rodanger Tankstelle mat sech brénge géif.

Schlussendlech, sinn ech frou, dass de Minister den Här Bausch dem Péitenger Schäfferot den 12. November eng Entrevue zougestanen huet fir eng Léisung vum Verkéiersproblem ze fannen fir deen hien, ech zitéieren de Minister “je ne qualifierais pas ces problèmes d’exclusivement nationaux” dann awer sech zumindest zu engem Deel verantwortlech fillt, wat fir mech schonn den 1. positive Schrëtt ass.

Download

Pierre MELLINA

 Buergermeeschter