D’ Chancëgläichheet läit der neier Conseillère Maria Agostino besonnesch um Häerz

Nodeems d’Josette Conzemius-Holcher Ufank dës Joers decidéiert hat mat der aktiver Politik opzehalen an esou enger méi jonker Politikerin hier Plaz ze iwwerloossen, war et um Maria Agostino, als Nächstgewielt op der CSV-Lescht bei de Gemengewalen 2017, an de Péitenger Gemengerot nozeréckelen.

D’Maria Agostino ass 1976 als Jéngst vun dräi Kanner vun immigréierten italieneschen Elteren an der Péitenger Maternité op d’Welt komm. D’Maria ass Mamm  vun zwee erwuessene Kanner.

D’Maria huet bis 12 Joer zu Péiteng gewunnt an ass duerno mat der Famill op Rolleng geplënnert bis du säi Wee et mat 21 Joer op Rodange gefouert huet, wou hat zanter 23 Joer doheem ass. D’Maria kennt also déi dräi Uertschaften, wat sécherlech senger neier Funktioun am Gemengerot ze gutt kënnt.

Seng Primaireschoul huet d’Maria zu Péiteng gemaach an huet duerno am LTMA seng Schoul erfollegräich ofgeschloss.

Seng éischt Schrëtt am Veräinsliewen huet d’Maria schonn am Alter vu véier Joer beim Péitenger Turnveräin “La Courageuse” gemaach. Zanter hier ass Sport e groussen Deel vu sengem Liewen. D’Maria ass Grënnungsmember (2011) an Trainerin bei den  ‘ZChicas’, wou hat Course fir Kanner an  Erwuessener gëtt. Als fréier Karnevals-Prinzessin ass d’Maria weider an der Amicale vun de fréiere Prënzen a Prinzessinne ganz aktiv.

D’Maria ass awer net nëmmen op sportlechem a kulturellem Niveau enk mat der Gemeng verbonne, ma och professionell duerch säi Beruff. 24 Joer huet d’Maria am “Office des citoyens” fir d’Bierger vun der Péitenger Gemeng geschafft. Duerch d’Incompatibilitéit  vu senger Tâche mat der Funktioun als Member vum Gemengerot stellt sech d’Maria och engem neie berufflechen Challenge. Dës Entscheedung war net einfach, mee hat fir d’Maria no räiflechen Iwwerleeungen awer déi logesch Konsequenz, sengem Engagement nozekommen an d’Vertraue vu senge Wieler net ze enttäuschen. Matt Freed hëlt d’Maria d’Mandat un.

Als Präsidentin vun der Chancëgläichheets-Kommissioun läit et dem Maria um Häerz, fir en harmonescht Zesummeliewe vun allen Generatiounen, Nationalitéiten a Geschlechter ze garantéieren. D’Gläichstellung vu Fra a Mann an eiser Gesellschaft an am politesche Liewen ass fir hat extrem wichteg.

Weider Schwéierpunkten an der Gemengepolitik fir d’Maria sinn: de qualitative Wuesstem an eiser Gemeng kontrolléieren, fir déi néideg Infrastrukture suergen, déi lokal Geschäfter stäerken, Aarbechtsplazen an der Gemeng schafen an déi Jugendlech mat abanne fir d’Ëmwelt an hier Zukunft esou ze gestalten, datt si sech dra wuelfillen.

D’CSV-Fraktioun vun der Gemeng Péiteng ass iwwerzeegt, datt d’Maria seng nei Missioun als Gemengeconseillère mat ganzem Asaz a groussem Enthusiasmus erfëllt, an  en oppent Ouer fir all d’ Gemengebierger huet.

“Op mäin Asaz kënnt dir zielen”…

….Dat waren dem Josette Conzemius-Holcher seng Wieder bei senger Untrëttsried de 15. November 2011 am Péitenger Gemengerot.

Knapp 10 Joer méi spéit, an no 120 Gemengerotssëtzunge wësse mir dass d’Josette eis näischt ze vill versprach hat.

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 ass d’Josette bei senger zweeter Participatioun an de Péitenger Gemengerot gewielt ginn, a gouf den 9. November vum selwechte Joer als nei Conseillère vereedegt.

Am Interêt vun de Péitenger Biergerinnen a Bierger war d’Josette vum éischten Dag un mat onermiddlechem Engagement a vollem Asaz dobäi, an huet esou gehollef eng helle Wull vu Projeten ze developpéieren a wichteg Decisiounen ze huelen.

Seng Éierlechkeet, seng Korrektheet an och seng kloer Aart a Weis fir seng Meenung matzedeelen, wann him Eppes géingt de Stréch gaangen ass, dierft Kengem am Gemengerot entgaange sinn. Dem Josette war et egal op dat Memberen aus dem Schäfferot, der eegener Partei, der Koalitioun oder der Oppositioun waren, wann him eppes net an de Chrom gepasst huet, dann huet d’Josette dat onmëssverständlech gesot.

Mam Josette konnt een ëmmer iwwer een Thema diskutéieren, an och wann et emol méi hefteg war, ass et ni op Käschte vum Respekt a vun der Frëndschaft gaangen.

Dem Josette seng Aktivitéiten hunn sech awer net nëmmen op de Gemengerot reduzéiert. Esou  huet d’Josette d’Gemeng a verschiddenen interkommunale Syndikater, wéi de SIKOR an de SIACH vertrueden, a war am Kader vun dem ONT – spéider ORT – eng dreiwend Kraaft am Interessi vum Tourismus an eiser Géigend.

Wéi d’Konschtmillen am Centre Wax hir Dieren opgemaach huet, war d’Josette och een dynamesche Motor an ass haut als Presidentin nach weider ganz aktiv.

D’Josette war och Presidentin vun der Kulturkommissioun an huet de Gemengerot als Vertriederin an den “Amis de jumelages” representéiert.

Schlussendlech däerf een den Télévie zu Rodange net vergiessen, deen duerch dem Josette säin Asaz a seng Ausdauer am ganze Land bekannt ass. Als grouss Unerkennung wierdegt RTL dëst, datt Rodange “centre de promesse permanent” ass.

An der Gemengerotssëtzung vum 25. Januar 2021 huet d’Josette dann ugekënnegt als Conseillère am Péitenger Gemengerot opzehalen, an esou dem Maria Agostino, enger jonker Fra ob der CSV-Lëscht, hier Plaz ze ginn.

Mir soen der heemlecher „Buergermeeschtesch vu Rodange“ villmools Merci fir dat wat si geleescht huet, a sinn eis sécher dass d’Josette och weiderhin am sozialen a kulturellem Beräich eng grouss Roll an eiser Gemeng wäert spillen.

CSV Gemeng Péiteng

 

 

Éierentitel fir de Romain ROSENFELD

De Romain Rosenfeld huet dem Gemengerot definitiv Äddi gesot. Am Abrëll dëst Joer huet de Romain op d’Successioun vum Johny Polfer am Péitenger Gemengerot verzicht an esou dem André Martins Dias seng Plaz an dësem Gremium iwwerlooss .

Den 9. Mee 1995 ass de Romain fir de Léon Keiser an de Péitenger Gemengerot nogeréckelt. Den 18.Mee 2020, also ronn 25 Joer dono, huet de Péitenger Gemengerot dem Romain den Titel „échevin honoraire“ unanime zougesprach.

De Romain war 22 ½ Joer am Péitenger Gemengerot an dovunner ee gutt Joer am Schäfferot (2. September 2004 bis den 7. November 2005).

A senger Zäit als Schäffen, besonnesch an senger Funktioun als Sportschäffen, huet hien sech intensiv ëm d‘Ouverture vun der Schwemm Piko gekëmmert an huet och eng Rei Sportsprojeten mat ageweit, wéi z.B. den 26. Juni 2005 de Beach– a Boulenterrain zu Rolleng, den 15. Juli 2005 d‘Spillplatz mat engem multifunktionellen Sportsterrain zu Péiteng an de Boulodrome zu Rodange.

A senger Funktioun als Schäffen fir d’Jugend huet de Romain e grousse Verdéngscht um Projet vun der Annexe vum Jugendhaus am Dhoil, déi den 12. September 2005 hier Dieren offiziell opgemaach huet.

Nieft dëse Beräicher, huet hien sech als Schäffen och ëm d’Personaldecisiounen, d’Economie  regional Aktivitéiten an d’Integratiounsfroen bekëmmert.

An all deenen Joren waren dat 277 Gemengerotssëtzungen fir de Romain, dee während ville Joren Spriecher vun der CSV-Fraktioun war.

Och um regionale Plang war an ass de Romain als Vertrieder vun der Péitenger Gemeng aktiv. Den 3. Mee 2002 ass hien Vizepresident vum Sudgaz ginn, an nodeems hien dëse Posten 16 Joer laang ausgefouert huet, ass hien de 7. Mee 2018 als President vum Sudgaz gewielt ginn. E Mandat wat de Romain och weiderféiere wäert.

Wéinst all dem Asaz als engagéierter Politik während engem véirels Joerhonnert, huet de Romain Rosenfeld sech den Éierentitel vum Schäffen vum Péitenger Gemengerot méi wéi verdéngt.

De Comité an d’Fraktioun vun der  CSV Sektioun Gemeng Péiteng felicitéiert dem Romain zu dësem Titel a soen him villmools Merci fir säin Asaz an Engagement iwwert déi lescht 25 Joer.

Changementer an der CSV-Fraktioun am Péitenger Gemengerot

Merci Johny Polfer fir 20 Joer fair an engagéiert Politik am Gemengerot

Wat de Johny Polfer virun e puer Woch schonn an der CSV-Fraktioun ugekënnegt hat, huet hien an der Gemengerotssëtzung vum 20.Abrëll offiziell matgedeelt. Matt haut 76 Joer seet de Johny no méi wéi 20 Joer dem Gemengerot Äddi.

Member am Péitenger Gemengerot war de Johny säit dem 13.Januar 2000. Bei de Wale vun 2005, 2011 an 2017 ass hien ëmmer kloer vun de Wieler a Wielerinne bestätegt ginn, wat seng Beléiftheet béi de Bierger aus der Péitenger Gemeng däitlech ënnersträicht.

Am Ganze waren dat 263 Gemengerotssitzunge fir de Johny!

Seng Interventioune waren ëmmer sachlech, gutt iwwerluet, ouni Aggressivitéit awer mat enger gesonder Portioun Determinatioun.

De Johny wosst wat e wollt, ouni awer de Respekt géintiwwer de Kolleegen aus dem Gemengerot ze verléieren a virun Allem ni mat Bléck op d’politesch Parteikaart vum Géigeniwwer. Dorop deiten déi vill unerkennend Wieder vun alle Parteie bei sengem Abschid am Gemengerot hin.

Och wann de Johny sech fir all politeschen Dossier interesséiert huet, deen am Gemengerot traitéiert gouf, sou war säi besonnesche Schwéierpunkt awer op dat Soziaalt, de Sport an d’Finanze geriicht.

Op lokalem Plang war de Johny och laang Jore President vun der Finanzkommissioun a vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Museksschoul.

Wéi den neien Etablissement public vum Office social gesetzlech agefouert gouf, ass de Johny duerch Decisioun vum Gemengerot vum 25. Oktober 2010 Member vum Verwaltungsrot vum Péitenger Office social ginn an huet vun Ufank bis Haut d’Presidentschaft am Verwaltungsrot assuréiert. E Mandat, wat hien och weider féiere wäert.

De Johny ass och zënter Joren am Verwaltungsrot vum CIGL an huet als Tresorier eng féierend Roll an dëser ASBL.

Hien huet eis Gemeng an enger Rei Gemengesyndikater an de leschten 20 Joer vertratt. Ze ernimme wier do de Sytragaz, de SIGI a besonnesch de Minettkompost, wou hien 20 Joer Member war an dovunner eng Rei Joren an der Exekutiv. Vum 27. November 2015 bis den 28. Mäerz 2018 war de Johny Vize-President vum Minettkompost.

D’CSV-Fraktioun verléiert mam Johny Polfer ee kompetenten a faire Matstreider am Gemengerot, deen op Grond vu sengem Wëssen, sengem Asaz a senger Kollegialitéit net esou einfach ze ersetzen ass.

Mir wënschen him nach vill schéi Joren am Krees vu senger Famill. An och wann hien elo vill méi Zäit huet sech beim Tauchen um Stauséi, wou hien och als Kapitän vum Solarboot ënnerwee ass, a beim Lafe fit ze halen, wäerte mir de Johny och weiderhin bei den Aktivitéite vun der Gemeng a bei eiser Partei begréisse kënnen.

Villmools Merci Johny


Dem neie Conseiller André Martins Dias läit Nohaltegkeet fir all Bierger um Häerz

Nodeems de Johny POLFER den 20. Abrëll 2020 seng läscht Gemengerotssëtzung hat, war et um André Martins Dias, fir sech an der Sëtzung vum 5. Mee dem Gemengerot als neie Conseiller ze presentéieren.

Eigentlech wier et um Romain Rosenfeld als Nächstgewielten op der CSV-Lëscht bei de Gemengewalen 2017 gewiescht, fir an de Gemengerot nozeréckelen. De Romain huet awer op säi Mandat verzicht, well hien engem méi jonke Politiker de Virtrëtt wollt loossen, an huet duerch dëse nobele Geste, dem André Martins Dias d’Méiglechkeet ginn, sech aktiv un der Gemengepolitik ze bedeelegen.

Den André Martins Dias ass de 19. Juli 1986 gebuer a bestuet mam Stephanie Baldinucci.

Matt sengen Elteren, déi als Immigranten op Lëtzebuerg komm sinn, a sengen zwee Bridder ass den Änder 1987 an d’Péitenger Gemeng komm, wou hien di éischt 27 Joer zu Rolleng, an déi lescht 6 Joer zu Rodange gewunnt huet, fir am Juni 2020 mat senger Fra dann erëm zréck op Rolleng ze plënneren.

No der Primärschoul zu Rolleng goung et fir den Änder op Péiteng an de Lycée. Säin Ekonomie-Studium huet den Änder op der Uni Lëtzebuerg (2 Joer) an op der Uni zu Stroossbuerg (3 Joer) ofgeschloss a schafft Haut als Ekosproff – wéi kéint et och anescht sinn – zu Lamadelaine am LTMA.

Am Veräinsliewen ass den Änder scho laang dobäi, esou ass hien am Alter vun nëmmen 8 Joer bei d’Pompjeeë gaangen, an ass och haut, no 25 Joer, nach ganz engagéiert dobäi. Als Jugendspiller huet hien zu Rolleng an zu Péiteng Fussball gespillt. No sengen Etüden huet hien ugefaangen Dëschtennis ze spillen. Säit 2013 ass den Änder am Comité vum DT Kordall 95.

Um sozialen Niveau, engagéiert sech den Änder säit 2016 am Comité vum Foyer de l’Enfance Rodange-Lamadelaine (Crèche Villa Bambi) a säit 2017 an der asbl “Fir ee Gudden Zweck Gemeng Péiteng”.

Säi politeschen Interessi war schonn ëmmer grouss. De Schrëtt an d’aktiv Politik huet den Änder awer eréischt no senge Studie gewot, an ass 2015 Member an der CSV / CSJ ginn. Säit 2017 leet den Änder als President d’Geschécker vun der Finanz-, Budgets- a Reglementerkommissioun an ass och Member vun der Jugendkommissioun.

D’Schwéierpunkte vum neie Conseiller André Martins Dias an de nächste Joren am Gemengerot sinn: de Logement, de kontrolléierte Wuesstem an domadder verbonnen d’Kannerbetreiung an d’Fräizäitgestaltung, déi lokal Geschäftswelt an d’Verkéiersberouegung. Déi getraffen Decisioune mussen am Änder sengen Aen ëmmer am Aklang mat der Ëmwelt an der Nohaltegkeet stoen.

D’CSV-Fraktioun ass iwwerzeegt, dass den Änder seng nei Missioun als Gemengeconseiller mat ganzem Asaz a sozialem Äifer ugeet, a sech esou mat Kompetenz ganz an den Déngscht vun allen Gemengebierger stelle wäert.

Bonne Chance Änder

Konvent vum 25.Mäerz zu Ettelbréck

CSV huet hie 60 Kandidate fir d’Chamberwahlen vum 14.Oktober 2018 virgestallt.
Mir sinn houfreg dass mam Buergermeeschter Pierre MELLINA a mam Schäffen an Deputéierten Jean-Marie HALSDORF och 2 féierend Politiker aus der Péitenger Gemeng fir de Süde mat dobäi sinn.
Fotoe: Jean Weiler

E Message vum Buergermeeschter

Léif Wielerinnen a Wieler,

Är CSV-Equipe leet zënter dem 1. Januar 2000 d’politesch Geschécker an der Gemeng Péiteng, zum Deel eleng (2000–2005), zum Deel zesumme mat hire respektive Koalitiounspartner, der DP (2006–2011) an der LSAP (2012–2017).

Fir den 18.500 Awunner aus eisen dräi Lokalitéiten Péiteng, Rodange a Rolleng eng beschtméiglech Liewensqualitéit mee och eng modern Gemeng ze bidden, goufen an de leschten uechtzéng Jore ronn 265 Milliounen € an de Beräicher Schoul, Kannerbetreiung, Sport, Kultur, Drëtten Alter, Gemengeverwaltung, Ëmwelt, Stroosseninfrastrukturen, Waasserversuergung, Ofwaasserentsuergung, Parkanlagen ,… investéiert.

Och an der nächster Mandatsperiod wëll déi nei CSV-Equipe dës Aarbechten zum Wuel vun alle Bierger aus eiser Gemeng weiderféieren. Déi gutt Finanzlag vun eiser Gemeng erlaabt et déi vill Iddien, déi interessant Projet’en, déi an eisem Wahlprogramm opgefouert sinn, an den nächste Joren ze realiséieren.

Är dynamesch CSV-Equipe ass op jiddefalls prett dësen Challenge eng weider Kéier an de nächste Joer unzegoen.
Dofir schenkt e Sonndeg der CSV Äert Vertrauen a wielt d’Lëscht 3

Merci!

Pierre Mellina
Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng

——————————————————————————–

Un message du bourgmestre Pierre MELLINA:

Chères électrices, chers électeurs,

Votre équipe du CSV définit depuis le 1er janvier 2000 les priorités politiques de la commune de Pétange, durant un mandat seule (2000–2005), durant les deux autres mandats avec un partenaire de coalition, le parti démocratique (2006–2011) et le parti socialiste (2012–2017).

Afin de garantir aux 18.500 citoyens de nos trois localités Pétange, Rodange et Lamadelaine une qualité de vie optimale mais aussi une commune moderne, 265 millions € ont été investis au cours des dernières 18 années, notamment dans les domaines suivants: l’enseignement, les structures d’accueil, le sport, la culture, le 3e âge, l’administration communale, l’environnement, les infrastructures routières, l’approvisionnement d’eau, la canalisation, les espaces verts ,….

La nouvelle équipe du CSV aimerait continuer ces travaux dans l’intérêt de tous les citoyens de notre commune. L’excellente situation financière de notre commune permettra de réaliser les nombreuses idées, les projets intéressants, repris dans notre programme électoral.

Votre équipe dynamique du CSV est prête à entamer ce challenge dans les prochaines années.
Accordez donc votre confiance au CSV ce dimanche et votez la liste 3

Merci!

Pierre Mellina
Bourgmestre de la commune de Pétange

Eise Wahlprogramm ass online

D’ CSV fir d’Gemeng Péiteng.

Zënter elo uechtzéng Joer leet Är CSV-Equipe zum Deel eleng an zum Deel mat hirem Koalitiounspartner, d’politesch Prioritéiten an den Uertschafte Péiteng, Rodange a Rolleng fest. Villes ass an deene Joren realiséiert ginn. 265 Milliounen € sinn an där Zäit an de Beräicher Schoul, Kannerbetreiung, Sport, Kultur, Drëtten Alter, Gemengeverwaltung, Ëmwelt, Stroosseninfrastrukturen, Waasserversuergung, Ofwaasserentsuergung, Parkanlagen,… investéiert ginn, an zur gläicher Zäit ass d’Gemengeschold wesentlech reduzéiert ginn.

Eng Rei vu Projeten mussen iwwer dës Mandatsperiod ewech nach fäerdeg gestallt ginn, anerer sinn an der Planung a stinn kuerz virum Ufank vun der Realisatiounsphase an nach anerer sinn an der Ausaarbechtung. Déi aktuell Finanzlag vun der Gemeng erlaabt eis all dës Projete, zum Wuel vun alle Bierger aus eiser Gemeng, ze realiséieren.

Är dynamesch CSF-Equipe ass prett mat Iech dësen Challenge an de nächste 6 Joer unzegoen!

 

Hei fann Dir eise Wahlprogramm am Download