Pressecommuniqué: Kee Schwammsport fir vill Schoulkanner zu Péiteng

Rentrée scolaire 2015 – 2016 zu Péiteng:

Den Educatiounsministère verseet komplett: Kee Schwammsport fir vill Schoulkanner zu Péiteng!

An der Sëtzung vun dësem 21. September beschäftegt sech de Péitenger Gemengerot op Ufro vun zwee CSV-Konseilljeeën (Josette Conzemius-Holcher a Carlo Gira), mat der inakzeptabeler Situatioun, dass am Enseignement fondamental zu Péiteng de Schwammsport a 24 Klassen ausfält.

D’CSV-Sektioun vu Péiteng ass entsat, dass, trotz enormen Efforten, déi an de läschte 15 Joer vum CSV gefouerte Gemengerot am Sënn vum Sport am Allgemengen an dem Schoulsport am Besonneschen zu Péiteng gemaach goufen (Investissementer vun iwwer 50 Milliounen Euro), an den nächste Woche fir méi wéi d’Halschent vun de Schoulkanner, fir déi am 1. Trimester vun dësem Schouljoer deen am Plan d’études virgesinne Schwammsport vun der Gemengeverwaltung organiséiert ginn ass, elo net an de Genoss vun dëse Sportsstonne kommen, mee an hire Klassesäll elo aner Aktivitéite maache mussen.

D’Schwämme vun der Péitenger Gemeng, wou Plagë fir de Schoulsport reservéiert sinn, wäerten elo zäitweis eidel stoen, wëll den Educatiounsministère “Chargés de cours” fir dës Schwammcoursen op Péiteng affektéiert huet, déi déi néideg Diplomer net hunn an elo emol d’Formatioun maache mussen.

D’CSV-Sektioun Péiteng ënnersträicht, dass bis d’Rentrée vum läschte Schouljoer, wou d’Schwammmeeschtere vun der Péitenger Gemeng – als Titulairen an den eenzelen Schoulklassen vum Enseignement fondamental – de Schwammunterrecht garantéiert hunn, ëmmer d’Schoulschwammen a beschter Zefriddenheet fonctionnéiert huet. D’CSV-Sektioun Péiteng bedauert, dass de Minister, trotz dass e vum Péitenger Buergermeeschter méi dacks drop higewise gouf, stur op senger Positioun bliwwen ass a refuséiert huet, dass weider – sou wéi dat Jorzéngten de Fall war – dës kompetent Leit Titulaire am Schwammunterrecht vun enger Klass am Enseignement fondamental kënne sinn.

D’Resultat vum Minister Claude Meisch senger Sturheet léist sech weisen: 24 vun 42 Schoulklassen hunn ze Péiteng an den éischte Woche vun dësem Schouljoer kee Schwammen an deemno och kee Schoulsport!

 

Matgedeelt vun der CSV-Sektioun Gemeng Péiteng

 

 

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)